En top equipéiert Gebai, vill Praxis, intensiv Stagen, Coure mat motivéierte Proffen direkt vum Terrain aus der Lëtzebuerger Mediewelt, Insights an déi aktuell Aarbechtswelt – alles op enger Plaz.

Superequipéiert.

Mat sengem Multimediazenter ass den LCD dee klassesche Lycée, deen déi bedeitendst audiovisuell Infrastrukturen am Land huet fir d’Ausbildung a Medien, Toun a Bildtechniken. Hei hues du däin eegene Poste mam kompletten Adobe Creative Cloud Environnement a kanns zu all Moment audiovisuellt Material fir deng Projeten an Aufgaben ausléinen.

E Studium, wou s du am Zentrum stees.

Mat klenge Klasse vu maximal 15 Student*inne kënne mir jiddwereen individuell begleeden, ënnerstëtzen an ausbilden. Sou kënne mir geziilt dorop hischaffen, dass du, wéi all eis Student*inne bis elo, um Enn däi professionelle Projet hues an eng Aarbecht fënns.