Televisioun, Zeitung, Radio a Social Media, Publicitéit a Kommunikatioun... Ass et hei wou s du wëlls schaffen? De BTS Media Writing am Dikrecher Kolléisch bitt dir eng zolidd a praxisbezunne Formatioun, déi dech direkt dohinner féiert.

E Studium ganz no un der Beruffswelt a just véier Semesteren. Kuerz a knackeg.

De BTS Media Writing bitt eng besonnesch praxisorientéiert 2-Jores-Héichschoulausbildung, déi an Zesummenaarbecht mat Betriber aus der Medien- a Kommunikatiounswelt geziilt op d’Beruffswelt virbereet. A wann s du dono wëlls weider studéieren an dech am Ausland spezialiséieren, hues du e Startkapital vun 123 schlau investéierten ECTS-Punkten.

Schreiwen. Schwätzen. Filmen. Hei léiers du dech an alle Medien auszedrécken.

An dëser Formatioun gëss du net nëmme geléiert, fir Press, Radio an Internet ze kommunizéieren, ma och kreativ oder informativ ze schreiwen, Interviewtechniken ze beherrschen, virun an hannert der Kamera ze schaffen, a sozial Medie professionell ze notzen.

Ee Message, vill Sprooche – typesch Lëtzebuerg.

Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch, dat sinn déi Sproochen, déi s du brauchs, fir dech an der Lëtzebuerger Mediewelt auszedrécken. An dëse Sprooche brénge mir dech am Schreiwen an am Schwätzen e gutt Stéck weider, sou dass du se wierklech professionell asetze kanns.

Eng Ausbildung fir d’Medieberuffer vun haut a vu muer.

Mat sengem duebele Profil vu Journalist a Copywriter bereet de BTS Mediawriting op d’Beruffer vun der Informatioun a vun der Kommunikatioun vir. An op all déi nei Beruffer dotëscht. Ob an der Televisioun, am Radio, an der geschriwwener Press oder an de Webredaktiounen, an de Kommunikatiounsagencen oder an de Kommunikatiouns-departementer vun de grousse Betriber – d’Nofro fir «Schwäizer Täschemesseren» vun der Kommunikatioun léisst néierens no.

Etudiant francophone?
Le BTS Media Writing prépare aux métiers du journalisme, de la communication et des médias : télévision, presse, radio, Internet, agences de communication, communication interne des grandes entreprises et édition.